Musikalesch Fréiförderung
fir Kanner vum Précoce- bis Spillschoulsalter

1mol / Woch 50’
Dënschtes 17.00 Auer

Integrativt Konzept: Spilleresch Aféierung an d'Musik an Förderung durch Musik
Lernzieler :

1° Musikalesch Potentialer erwechen

- iwer Rhythmus: Rhythmus iwer de Kierper a Bewegung erspieren an erliewen.
Mat einfache Rhythmusinstrumenter mat Rhythmen experimentéieren

- iwer Sangen: D’Stëmm als Instrument entdecken an erwechen:
Elementar Stëmmbildung – Relaxatioun, Haltung, Otmung,
Resonanz, Ausdrock.
Lidder a verschidde Sproochen léieren
Lidder erfannen

- iwer Lauschteren
Zu Musik molen, sech bewegen,
Fantasiereesen zu Musik, mat Musik
relaxéieren

2° Talenter entdecken, förderen, an orientéieren
(Feedback a Berodung mat den Elteren.)

- Instrumenter kenneléieren
- Mat einfach spillbaren Instrumenter improviséieren an experimentéieren

3° Sozial Kompetenzen, Empathie- a Bezéiungsfähegkeet förderen


- Identitéit : Wee, wéi sin ech
- Integratioun an e Grupp
- Kommunikatioun

Als Ofschloss vum Trimester ee gemeinsamt Musizéieren mat den Elteren.

Käschten: 20€ pro Séance
Fir méi Info:
info@sana-via.lu

sana via
Institut fir gesond a kreativ Liewensweeer

Marianne Wiltgen-Sanavia
7, Bréckewee
L-8561 SCHWEBACH